On.perfekt: Eng zweet Chance fir Liewensmëttel
An der Serie Out of the Box portraitéiere mir Produzenten aus der Liewensmëttelbranche, déi op ënnerschiddlech Aart a Weis alternativ Weeër aschloen.
Ze déck, ze kromm, ze kleng oder ze grouss: Ronn en Drëttel vum Geméis gëtt den Normviirstellungen vun de Supermarchéën net gerecht, sou dass d’Producteuren drop sëtze bleiwen. An eiser Serie Out of the Box portraitéiere mir Produzenten aus der Liewensmëttelbranche, déi op ganz ënnerschiddlech Aart a Weis onkonventionell Approchen hunn. Am Episod vun haut dréit sech alles ëm eng Kooperativ, déi deene Liewensmëttel, déi aus der Norm falen, en zweete Marché geschaf huet an esou e Bäitrag géint d’Liewensmëttelverschwendung leescht.
