Zäitrees duerch eis Stad
01/12/2013
Op Spueresich an der Festungsstad Lëtzebuerg
Se sinn däischter, fiicht an e bëssen onheemlech. D’Kasematten! Mir weisen Iech des mysteriéis Welt ënnert eiser Stad wéi een se op enger normaler Visite ni giff gewise kréien. Um Knuedler hunn Archeologen Schanke fonnt! Ural Schanken. An déi verrode vill doriwwer wat fréier emol um heitege Knuedler lass war. A mir vergläiche Plazen an der Stad vun haut mat ale Fotoen vu fréier. An do ass ee méi wéi eng Kéier iwwerrascht wéivill d’Haaptstad sech an de leschte Joeren verännert huet.
