Merci Mëllech
27/04/2014
Vum Stall iwwer d'Molkerei bis an d'Glas!
E puer Dausend Liter Mëllech gëtt eng Kou an engem Joer. An der moderner Landwiertschaft ginn d’Kéi vu Maschinne gestrach. An et gi souguer Betriber, do sträichen d’Kéi sech selwer. Mir weisen wéi sou e voll-automatesche Stall funktionéiert a gesinn, datt déi modern Landwiertschaft och dozou féiert, datt ëmmer manner Kéi op der Wiss stinn. De Mister Science test laktos-fräi Mëllech-Alternativen. A mir testen den Ënnerscheed tëscht Bio-, ESL- an UHT Mëllech!
