Réimer-Experiment
21/09/2014
Liewen wéi virun 2000 Joer!
Kämpfen, campéieren, kachen. An zwar esou wéi virun 2000 Joer. Am Pisa liewe mir een Dag laang wéi zwee réimesch Zaldoten. Mat engem historeschen Zeltlager bei der Uelzecht. Haardem Kampftraining am Stade Josy Barthel. A mat nogestallten Zenen an der Réimer-Villa Borg weise mir wéi déi méi räich Réimer an eise Géigende gelieft hunn.
