Et geet och ouni Auer
Wiere mer méi oder manner gestresst wa mer net permanent giffen op d'Auer kucken?
Egal op am Stress um Wee op d’Schaff oder schonn ze spéit virum nächste Rendez-Vous. Eist Liewen ass e permanente Kampf géint d’Zäit! Duerfir soen ech menger Auer fir 24 Stonnen äddi. Däerf awer och kee froen wéi spéit et ass. Ass een doduerch méi oder manner gestresst? Mir erklären och wéi ee seng Zäit besser andeele soll datt een alles gemaach kritt. Léieren en Här kennen deen iwwer dausend Auere bei sech Doheem huet an de Mister Science bremst d’Zäit. Mat puer impressionante Ralentie-Biller. Ënner anerem wéi eng kleng Waasserdrëps duerch eng Seefeblos fält ouni datt déi platzt.
