Extremsport

17/05/2015

Extrem waarm! Extrem héich! Extrem verréckt!

251 Kilometer a sechs Deeg. Bei brutaler Hëtzt an duerch de schwéiere Sand. Dat ass de Marathon des Sables. Dëst Joer woren 9 Lëtzebuerger um Départ. Firwat doen si hirem Kierper sou Strapazen un? An ass et net schrecklech ongesond? De Mister Science weist an enger Course de Cyclist Alex wat den Ënnerscheed ass tëscht engem Amateur- an engem Profisportler. Mir soen Iech op wat een an de leschten zwou Wochen virun engem Marathon oppassen muss, datt ee keng béiss Iwwerraschung erlieft. An de Cliff-Diver Alain Kohl verréit eis wat hien hu senger riskanter Sportaart reizt.

iTunes