Eng Welt a Beweegung
Ëmmer, alles, iwwerall – déi perfekt Logistik mécht et méiglech.
Et ass aktuell dee gréissten Eenzel-Chantier am Land. Um Eurohub Sud zu Beetebuerg entsteet en neie groussen Logistik-Park? Wéi eng Wueren ginn haut schonn iwwer Lëtzebuerg transportéiert? Iwwert wéi eng Weeër ginn d’Saachen vun A op B bruecht? A wéi eng Leit schaffen an der Logistik-Branche? Mat engem speziellen Dësch kann ee Weeër fannen wéi een eis Stadskären vum villen Camionsverkéier entlaaschte kann! Mir kucken hanner d’Kulissen vun der Logistik am Online-Shopping. An de Mister Science mécht eng Course géint e professionelle Livreur.
