Kajak-Challenge
Emol queesch duerch d’Land. Mam Kajak iwwer d’Sauer. Vu Maartel eriwwer op Rouspert.
Dem Olivier Catani an de Mister Science wëllen déi 108 Kilometer an dräi Deeg packen. Am éischte Pisa vun der neier Saison huelen si Iech mat op eng eemoleg Expeditioun. Et geet ënner ëmgefale Beem erduerch. Ganz no laanscht pickegen Drot. An eng Dose geféierlech Waasserfäll erof. Dobäi erliewe si de Floss aus enger ganzer neier Perspektiv. Kucken wéi propper oder knaschteg eis Gewässer sinn. A fueren duerch dee fuschneie Wëllwaasser-Kanal zu Dikrech.
