Öko-Logesch

Wéi eisen Alldag sech an Zukunft kéint veränneren a méi ökologesch ginn.

Ëmmer méi grouss Wandrieder produzéieren ëmmer méi Stroum. De Marché vun den Elektrovëloen boomt. Bei automatesche Lüftungsanlagen ass séier eppes falsch ugeschloss. A geschwënn wäerte mer eis Wäschmaschinn net méi kafen mee nach just léinen. An dësem Pisa weise mir wéi eisen Alldag méi ökologesch ka ginn. Kucken wéini en Elektrovëlo eng seriös Alternative fir den Auto ass. Op wat ee bei der Installatioun an dem Gebrauch vu Lüftungsanlagen oppasse muss. A mir klammen op déi héchste Wandrieder erop.