Pedalo Challenge

24/09/2017

Mam selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel!

Wéi all Summer stellen sech den Olivier Catani a Mister Science och dëst Joer erëm engem Challenge. Dëst Joer wëlle si mat engem selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel fueren. 36 Kilometer. An engem Dag. Mat zwou Schleisen. A ganz no laanscht déi grouss Frachtschëffer. Si moossen och wéi propper oder knaschteg d’Musel ass. Wat alles muss gemaach ginn, datt d’Waasser fir d’Schëffer ëmmer déif genuch ass. Wéini d’Musel fir d’lescht ganz zougefruer war. A wéi e risege Bagger de Muselsand aus dem Buedem hëlt.

iTunes