Déi zwee Nei!

16/12/2018

No engem Joer a Betrib huele mer Iech mat an d’Kulisse vum Tram a Funiculaire

Wéi funktionéiert eng vu de kierzte Standseelbunnen op der Welt? Wee schafft alles do? Wéi gëtt d’Seel kontrolléiert? A wat hu se wann et awer giff räissen? Beim Tram gesi mer firwat dee regelméisseg Sand op d’Schinne street. Op puer Plaze kleng fetteg Lächer an de Schinne sinn. A firwat d’Uewerleitung am Zick Zack verleeft. De Mister Science erklärt firwat den Tram och ouni säi Biggel viru kënnt a wéi e seng Batterien a just puer Sekonne voll opluede kann. A mir weisen wéi den éischten Tram d’Bild vun der Stad Lëtzebuerg verännert huet a wat deen neie mat deem vu fréier gemeinsam huet.

iTunes