Den Auto vun der Zukunft – Nohalteg a sécher?
09/02/2020
Wéi d’Technologien vu Moteur a Sécherheet sech ëmmer weider entwéckelen.
Et ka sou séier goen. Am Pisa teste mir wéi séier ee mam Auto d‘Kontroll verléiert. Gesi wéini ABS an Airbag erfonnt goufen a wéi clever d’Autoen an Zukunft wäerte sinn. Vläit fuere mer jo och iergendwann mat Waasserstoff. E Fuerscher zu Lëtzebuerg wëll ee Wee fannen wéi een dee Sprit och kann emweltfrëndlech produzéieren. Mat enger neier App kann een erausfannen wat méi ëmweltfrëndlech ass, Sprit oder Elektro. A mir testen op eng Autosbatterie wierklech explodéiere kann.
