Pisa Challenge 2. Deel: Mysteriéis Grenz

02/10/2022

Zweeten Deel vun der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg

190 Kilometer duerch Déck an Dënn. Op der Sich no den alen Grenzmaarken tëscht der Belsch a Lëtzebuerg. Och am zweeten Deel vum Pisa Summerchallenge klappt villes net esou wéi et soll.
Packen mer an dräi Deeg bis ganz an den Norden op d’Schmëtt. A fanne mer wierklech alleguer d’Maarken. Mir léieren e Mann kennen dee schonn iwwer 100 Borne restauréiert huet, maachen eis am Norden op d’Sich no engem mysteriéise Tunnel bei der Grenz a gesi wéi d’Douanieren fréiere am Bësch op Schmuggler gelauert hunn. Déi spannend Final vun der Sich no de vu ville vergiessene Grenzmaarken tëscht der Belsch a Lëtzebuerg.

iTunes