Déiwe Schacht, schwéier Aarbecht: Pompel gerett

16/11/2025

T-Shirten, Fett a Lingetten. Um Belval verstoppe reegelméisseg Ofwaasser-Pompelen duerch Saachen déi net an d’Kanalisatioun gehéieren.

Mir weise wéi d’Ekipp vum Service Kanalisatioun déi defekt Pompel aus engem déiwe Schacht erop hëlt an esou duerfir suergt, dass de Kanal net iwwer leeft. A mir klammen an dee gréissten Ofwaasser-Kanal vun der Stad Lëtzebuerg.

iTunes