Podpurri Episod 42: Alain Welter

14/09/2021
Podpurri Episod 42: Alain Welter
Play

Seng Graffitien, Illustratiounen a Molereien sinn an tëscht uechtert d'ganz Land ze gesinn an och iwwert d'Grenzen eraus.

Ugefaangen huet alles am klengen Duerf am Süd-Weste vum Land zu Koler. "De Moler vu Koler", esou heescht och d'Buch vum Alain Welter, dat de Street-Art-Kënschtler dëst Joer eraus bruecht huet an an deem hien e Bléck zréck wërft wéi alles ugefaangen huet a wat en an de leschten 10 Joer gemaach huet. Mam Claudia Kollwelter huet hien donieft iwwer Inspiratiounen, d'Kombinatioun vu reesen a sprayen an zukünfteg Projete geschwat.

iTunesSpotify