Picasso - Episod 3: Den Opbau vu „Guernica“.
Am Paräisser Atelier vum Pablo Picasso ass 1937 säi weltbekannt Wierk Guernica entstanen.
D’Bild weist mat symbolesche Motiver wéi engem stierwende Päerd, enger kräischender Mamm a verschiddene Figuren d’Leed an d’Zerstéierung vum Krich. De Picasso huet sech fir Guernica op d' Faarwen Schwaarz, Wäiss a verschidde Grot Téin beschränkt. Doduerch kritt d' Bild en dokumentaresche Charakter an ënnersträicht esou de Misär. Bis haut gëllt Guernica als en universellt Symbol géint Krich a Gewalt.
