Episod 26: Am Land vun de Roboteren
D'Quiquoien hunn et e bësse sat, dauernd hir Zëmmeren opzeraumen. Et wär vill méi einfach, wann et Roboter géif ginn, déi dat fir si maache géifen.
Si sëtzen sech op d'Bett mat Féiss, wat d'Olive gezeechent huet, a scho geet et lass an e Land, an dem Roboter all Aufgabe vun de Mënschen iwwerhuelen, déi faul an déck gi sinn, well si näischt méi maachen. Et stellt sech eraus, datt dat am Endeffekt net esou flott ass, a si musse kucken, vun dëser Plaz nees fortzekommen.
Zenarist: Laurent Rivelaygue