Episod 37: Den Hues dee mengt e wier en Hong

Et ass zwar net Ouschteren, mee d'Quiquoie froen sech, ob an de Schockelaseeër Schockelashénger sinn (an ëmgedréint).

D'Olive zeechent eent an eraus kënnt eng Kanéngchen, déi iwwerhaapt net aus Schockela ass a mengt, et wär en Hong. Si begéinen enger Rei vun Déieren, déi sech fir eppes aneres halen, wéi wat se wierklech sinn, a klammen op e Schëff fir d'Déiere-Croisière.

Zenarist: Philippe Traversat