Episod 41: E vegetaresche Vampir

De Boulard zielt deenen aneren, wéi eng Tattooen hien sech spéider wëll stieche loossen, dorënner Vampirzänn op béide Säite vum Mond.

D'Olive zeechent eng Damplokomotiv, a scho geet et lass an d'Land vun de Vampiren. Do begéinen si dem Draculon, dee vu senge Leit verstouss gouf, well hie Vegetarier ass. Mee den Draculon ass virun allem en décke Ligener.

Zenarist: Laurent Rivelaygue