Regional Saisonal - Episod 3 Äistéi
An der 3. Episod iwwer d'lokal Produzente geet et bei de Stephan Kneip an den Daniel Freichel, déi zesummen de Lëtzebuerger Äistéi Ortea gegrënnt hunn.
An eiser Emissioun Regional Saisonal geet et haut ëm Lëtzebuerger Äistéi. Ortea heescht de Produit a gëtt aktuell um Briddel hiergestallt. De Stephan Kneip stécht hannert der Iddi. Hie wollt een eegenen Äistéi produzéieren, well vill aner Zorten him net esou gutt geschmaacht hunn. Nom Studium huet hien dunn zesumme mam Daniel Freichel Ortea gegrënnt. Aktuell hunn si eng Zort, dat ass Brennnesseltéi gemëscht mat Hunneg an Äppelviz. Zanter e puer Méint gëtt et en elo schonn. Méi Infoen iwwert de Produit fannt Dir hei: https://ortea.lu/
A méi Infoen zum Beach Club aus dem Reportage fannt Dir hei: https://www.lostbeachclub.lu/
