Regional Saisonal - Episod 4 Italieenesch Kéisproduktioun

An der 4. Episod iwwer lokal Produzente geet et bei Fromalux, déi vu Mozzarella iwwer Ricotta bis zu Scarmoza italieenesch Kéisspezialitéiten hierstellen.

Bei der Fromalux, der Fromagerie de Luxembourg, ginn eng jett Kéise produzéiert, dat ass awer kee Kachkéis oder soss e pechegt Geschier, dat säin Ursprong am Grand-Duché huet, mee do gëtt Kéis aus Italien produzéiert. Mozzarella, Ricotta, Burrata oder Scarmoza sinn der nëmmen e puer. A wéi et dozou komm ass, weess de Robie Feyder, deen zanter klengem u mat Leidenschaft Kéi sträicht.
D’Agathe Morvan, d’Gerante vum Betrib, weist eis wéi déi italieenesch Kéismeeschteren op der Hand esou ze soe Verwurrelter mam Mozzarella maachen a wéi aus méi wéi 20.000 Liter Mëllech, déi all Dag vun 150 Mëllechkéi produzéiert ginn, zu Lëtzebuerger Mozzarella verschafft ginn.