Regional Saisonal - Episod 5: Quinoa-Produzent zu Lëtzebuerg

Am 5. Episod geet et op Beetebuerg bei de Gilles Biver, deen als alleréischte Quinoa zu Lëtzebuerg ugebaut huet. Eng Planz, déi u sech hei net doheem ass.

Quinoa ass u sech eng Planz, déi an den Anden wiisst. An de leschte Joren ass déi kleng Protein-Bomm ëmmer méi beléift ginn, dat och well se kee Gluten a sech dréit. Dohier gëtt de Quinoa och als Superfood betitelt. De Gilles zielt eis, op wat een oppasse muss bei der Produktioun vu Quinoa, well sprëtze kann een en net. De Pitt péckt dem Gilles eng Hand u beim Dreschen an Dréchnen a schmaacht den éischte Lëtzebuerger Quinoa, geschielt an och net geschielt.
Kafe kann een de Quinoa made in Luxemburg direkt beim Gilles um Haff zu Beetebuerg an dat 24 op 24, 7 Deeg op 7, an engem vun den Automate virun der Dier.