RTL-Reporter: Wéi mécht een Kachkéis?
09/12/2020

Wat dem Asterix seng Potion Magique, dat ass dem Superjhemp säin Kachkéis. Et ass net sou einfach dem Geheimnis ronderëm dëse Kéis op d'Spuer ze kommen ouni deen keen Lëtzebuerger am Ausland studéiere wëll, an an bal all Frigidaire huet en säin Eckelchen nieft dem Lëtzebuerger Moschter. Ass et d'Faarf, ass et seng Konsistenz oder ass et eng Mëschung vun allem?
