Wien ass Bio-Ovo?

15/12/2020
Wien ass Bio-Ovo?
Play

Vläicht hutt der iech jo och scho gefrot wou dann eis Bio-Eeër, déi mer am Supermarché kënne kafen, eigentlech hierkommen? De Loïc Juchem huet sech mat dëser Fro beschäftegt an ass dofir haut de Moien op Bëschdref gefuer. Do huet nämlech Bio-Ovo säi Sëtz a verpéckt do d'Bio-Eeër an hier Këschten. Vun 12 Bio-Baueren aus der Groussregioun ginn 2 Mol d'Woch Eeër heihi gefouert an do prett gemaach fir an de Geschäfter verkaaft ze ginn. Am RTL-Interview geet de Jos Houtmann nach emol am Detail drop a wat e Bio-Ee ausmëscht a stellt säi Verband och méi genee fir.