RTL-Reporter bei Hope4Paws

07/01/2021
RTL-Reporter bei Hope4Paws
Play

D'ASBL Hope4Paws gëtt Déieren en zweet Doheem an d'Valérie Tonon gëtt alles fir, datt et den Déieren op hierem Haff richteg gutt geet. Si trainéiert och vill mat den Déieren. Domadder wëll si beweisen, datt ee mat engem Déier aus dem Déiereschutz genau esou vill ënnerhuele kann, wéi mat engem Déier vun engem Ziichter. Dëst Joer waren zwee Iesele vum Gnodenhaff mam Kleeschen am Duerf ënnerwee. Et sinn och schonn Eltere mat hire Kanner d’Ieselen an d’Päerd vu méi no kucke komm. De Loïc Juchem war am RTL-Wecker bis laanscht op den Haff zu Launstroff, hei fir a Frankräich, kucken.