Kuriéises aus dem Natur- & Geopark Mëllerdall
12/01/2021

Wéinst der Corona Pandemie an deenen domat verbonnene Reesaschränkunge hunn d'lescht Joer vill Leit d'Occasioun genotzt fir eist Ländche mol e bëssi besser kennenzeléieren. An do féiert quasi kee Wee laanscht déi wonnerschéi Regioun vum Natur- & a Geopark Mëllerdall. An och falls Dir vläicht ëfters an dësem Eck ënnerwee sidd, sou ginn et ganz sécher nach genuch Saachen déi Dir nach net wësst. An deem Kader huet de Natur- & Geopark Mëllerdall, mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère fir Energie a Raumentwécklung, eng nei Videoserie op Facebook a Youtube verëffentlecht. D'Nicky Soisson mat den Detailer.
