Beim Metzler - an der Kichen
14/01/2021

Kniddelen, Wäinzoossiss, Träipen, Lasagne a Spaghetti. Dat sinn nëmmen e puer vun de Platen déi an der Kiche vun der Metzlerei Kirsch all Dag vu professionelle Käch preparéiert ginn. Kuerz drop gi se dann an de Geschäfter verkaf. De Loïc Juchem war beim Guy Kirsch an der Metzlerei ënnerwee an huet do och seng Schwëster d'Chantal getraff. Sie huet dem Loïc verrode wei et ass mat sengem Brudder zesummen ze schaffen an huet eis en Abléck an déi ,,waarm Kichen" ginn.
