Wanteraktioun - Foyer de Nuit
19/01/2021

Dobausse schneit et an déi leschten Nuechte war et dobausse richteg kal, do gëtt et fir vill Leit näischt méi Schéines wei et sech Owes a sengem waarmen Doheem gemittlech ze maachen. Do ginn et awer och Leit fir déi ass dat net d'Realitéit an Dag fir Dag mussen se sech eng Plaz fir ze schlofe sichen. D'Wanteraktioun bitt deene Leit d'Méiglechkeet fir d'Nuecht am Waarme kënnen ze verbréngen. Eise Live-Reporter de Loïc Juchem hëlt eis am RTL-Wecker mat op de Findel, stellt eis déi ganz Aktioun haut am Detail vir an ass elo de Moien och schonn am Foyer de Nuit.
