Podpurri- De Journalist Petz Bartz
21/01/2021

Virun e puer Wochen ass de Journalist Petz Bartz mam Amnesty-Mediepräis ausgezeechent gi fir säin Tëlee-Reportage "Blockéiert um Balkan" iwwer d'Situatioun vu Flüchtlingen bei der bosnesch-kroatescher Grenz. En anere längere Reportage "Vu Meespelt an den Jihad" iwwer eng Rees an en Interview mam Steve Duarte a Syrien bitt den Ament de Kader vum Theaterstéck "Terres arides" vum Ian De Toffoli. D'Christiane Kremer war op Besuch beim Petz Bartz an huet natierlech gefrot, wat d'Theaterstéck an de Präis him bedeiten.
