Vullefidderung am Wanter

21/01/2021
Vullefidderung am Wanter
Play

Sou bësse verwinnt ware mir dëse Wanter jo dann awer nach mam Schnéi ginn. Wat fir eis schéi Landschaften, Schlittfueren oder Schnéimännercher bedeit, ass fir wëll Déieren awer eng Erausfuerderung. Virun allem Vullen hunn sou am Wanter hir Schwieregkeete genuch ze iessen ze fannen. Dofir fiddere vill Leit déi kleng Piipserte bäi. Do ginn et awer och puer Saachen, déi ee falsch ka maachen.