Béier a Waasser gëtt an d'Fläsche gefëllt!
21/01/2021

Zanter puer Méint kritt een och Waasser vun der Brasserie Nationale ze kafen, d'Mark heescht Lodyss. Fir dësen neie Produit op de Marché ze bréngen huet ee ganzer 8 Milliounen Euro an Equipement, Maschinnen, etc. missen investéieren. Wei komplex de Prozess vum Béier ass, huet eise Live-Reporter de Moien am RTL-Wecker konnten erliewen. Dernieft huet de Loïc Juchem awer och konnte mat dobäi si, wei d'Béier- an d'Waasserfläschen agefëllt goufen. Bei munche Fläschen-Modeller kënnen dat der an enger Stonn souguer 27.000 sinn.
