Mir léiere sangen an d'Cynthia Knoch erkläert eis d'Virdeeler
25/01/2021

Si verkierpert déi frivol Konschtfigur Lola Marie an huet sech mat hirem Ensembel op déi populär Musek vun den 20er spezialiséiert. Lola Marie & Les Chats Noirs ass e breetgefächerte Repertoire vu Filmschlager iwwer Musicalsongs bis hin zu Chansons, dat ganzt ënnert der Leedung vun der Lëtzebuerger Sängerin Cynthia Knoch, bei där d'Michèle Schons haut op Besuch ass, a mir schalten dann elo nach emol op Péiteng, a lauschtere mol wéi wäit et an senger Gesangsstonn ass:
