Résumé Invité BAND
21/01/2021

Den Ament gëtt et 55 aktiv Corona-Infektiounen an den Alters- a Fleegeheemer am Land. Och hei huet sech d'Situatioun an der Lescht liicht enspaant ma d'Doudeszuelen, déi di lescht Wochen a Méint ënnert de Bewunner ze bekloe waren, sinn héich. Bal d'Halschent vun Coronadoudegen kënnt aus engem vun den Haiser. Dat sinn 262 Leit. D'Claude Zeimetz huet ënnert anerem doriwwer de Moien mat der Vizepresidentin vun der COPAS Carine Federspiel geschwat.
