Reis-Demuth-Wiltgen - Episod 22
18/02/2021

Si hunn am Kolléisch ugefaangen zesummen ze spillen a koume musikalesch net méi vuneneen ewech: de Pianist Michel Reis, de Kontrabassist Marc Demuth an de Perkussionist Paul Wiltgen. An och wann hir Weeër se duerch d'Musekstudie getrennt haten - de Paul an de Michel zu New York, de Marc an Holland - ass d'Loscht an d'Passioun fir Jazzmusek zesummen ze maache bliwwen. Haut spillen se op der ganzer Welt, wa Corona et zou léisst. Enn Februar ass endlech de Release vum Album "Sly", dee schonn 2019 an der Këscht war. D'Christiane Kremer huet déi 3 am Trifolion zu Iechternach begéint an hat mat hinne Rieds, wéi ee sech an de virtuellen Zäite selwer vermaarte muss.
