Gutt op eis Zänn oppassen ass immens wichteg
18/02/2021

D’Gesondheet vun eisen Zänn ass enk mat eisem Allgemengzoustand verbonnen an dofir ass et immens wichteg gutt op dës opzepassen. Dat kritt een als Kand gesot an awer huelen eng ganz Partie Leit, Nicky Soisson, nach net déi néideg Precautioune fir hier Salle à manger an der Rei ze halen.
