Musek am 8D - wat ass dat?

16/02/2021
Musek am 8D - wat ass dat?
Play

Jidderee kennt 3D, virun allem am Kino, awer wat soll dann elo 8D sinn?„Eight Directions“, also e Klang aus ganzer 8 Direktioune ronderëm de Kapp, dat verspriechen déi sëllege Museksvideoen déi aktuell am Netz zirkuléieren. Remixe vun ënnert anerem dem Billie Eilish oder den Imagine Dragons fënnt een aktuell op YouTube. Mir wollte wësse wat dat mat deem 8-D op sech huet an d'Nicky Soisson huet sech déi Saach mol méi genee ugekuckt respektiv gelauschtert.