Ganz nei: de Stauséiranger

17/02/2021
Ganz nei: de Stauséiranger
Play

Eng beléifte Plaz zu Lëtzebuerg ass de Stauséi, vill Leit zitt et ëmmer nees dohinner; ma an der Corona-Pandemie sinn et der nach vill méi wéi soss. Dir erënnert Iech vläicht, datt mir de leschte Summer alt um Radio gemellt hunn, datt d'Plaz ausgebucht wier oder een net méi duerch de Verkéier do komm ass. Vläicht huet dëst och alles dozou bäigedroen, datt e Ranger op de Stauséi soll kommen.D'Marie Gales huet nogefrot.