De Reinhold Beckmann - Episod 24

06/03/2021
De Reinhold Beckmann - Episod 24
Play

Hien ass vrun allem bekannt als däitschen Talkmaster a Sport-Reporter. Jorelaang huet hie Fussballmatcher iwwerdroen an ënner anerem och Sport-Emissiounen op der ARD a SAT1 moderéiert. Ausserdeem huet de Reinhold Beckmann 16 Joer laang méindes owes seng Talk-Show "Beckmann" op der ARD presentéiert a produzéiert. Datt hien awer och e gudden a passionéierte Museker ass, dat ass eréischt an de leschte Jore bekannt ginn. Dës Woch ass säin drëtten Album "Haltbar bis Ende" mat selwer komponéierten Stécker an Texter erauskomm, déi bei sengem Solo-Concert zu Ettelbréck am CAPE scho virgestallt huet. A wéi dat alles entsteet huet en dem Christiane Kremer verroden.