Den CNA zu Diddeleng hëlleft al Privatfilmer ze digitaliséieren

24/02/2021
Den CNA zu Diddeleng hëlleft al Privatfilmer ze digitaliséieren
Play

Mat sengem Smartphone kann een haut zu all Moment an egal wou een ass, e klengen Filmchen dréinen, fir e Moment festzehalen oder anerer jalous ze maachen mat Opnamen aus der Vakanz. Zu Lëtzebuerg gouf et awer schonn ëmmer Leit déi hir Kamera lafe gelooss hunn bei flotte Momenter. Fir d'éischt op schwaarz/wäiss a spéider dann och faarweg mat enger Super8-Kamera. Leider hunn déi Meescht haut kee Projekter méi fir déi Saachen ofzespillen oder d'Material fänkt un u Qualitéit ze verléieren. An dofir hu mir den RTL Reporter haut bei den CNA geschéckt fir ze kucken wat ee maache kann.