Den däitschen Acteur a Schrëftsteller Christian Berkel - Episod 26

20/03/2021
Den däitschen Acteur a Schrëftsteller Christian Berkel - Episod 26
Play

Als "Kriminalist" huet en 14 Joer op der däitscher Tëlee Krimi-Fäll geléist, als Schauspiller kennt een de Christian Berkel awer och vu grousse Filmproduktiounen an Europa an zu Hollywood oder vun der Theaterbün.
Zënter dräi Joer ass de geléierten Acteur och Schrëftsteller an huet 2018 mat "Der Apfelbaum" Publikum a Kritik iwwerzeegt. Den zweeten Deel vun der Trilogie "Ada" koum am Hierscht eraus. Enn Februar war de Christian Berkel op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an dem Cube 521 fir dräi Liesungen zu Lëtzebuerg.D'Christiane Kremer huet en do begéint a mat em geschwat iwwer Bicher, Filmer, Televisiounsproduktiounen an d'Zesummenaarbecht mat senger Fra, der Schauspillerin Andrea Sawatzki.