Mir gi wanderen - Wanderen am Éislek

25/03/2021
Mir gi wanderen - Wanderen am Éislek
Play

Gehéiert Dir dann zu de passionéierte Wanderer, déi bei egal wéi engem Wieder hir Kilometeren erofbieden oder awer éischter zu der Zort, déi sech just gerappt kritt, wann et eng Kéier muss sinn. Egal wéi no engem Joer Pandemie ass et wuel jidderengem änlech gaangen an et ass ee vläicht méi wandere gaange wéi soss déi Joren. A vläicht huet een do och ganz nei Regioune kennegeléiert. Am éischten Deel vun eisem RTL Reporter si mir scho gewuer ginn, dass d'Éislek déi éischt Leading Hiking Regioun vun Europa soll ginn. Dee Projet leeft scho vill Joren a kéint geschwënn ofgeschloss ginn. Mir kucken nach eng Kéier mat eiser RTL Reporterin wat sou eppes iwwerhaapt der Regioun brénge kann.