Den éischten digitalen Wäimoart
31/03/2021

De Maacher Nationalfeierdag, gëtt och nach fir de Wäimaart gesot. Do ass normalerweis d'Gedrécks grouss, net nëmmen fir op de Fotoen ze poséieren, mä och fir vun engem bei deen aneren Stand prosten ze goen. Prosten op Distanz war elo d'Iddi fir 2021, a wat do an d'Glieser kënnt a wéi een zesumme schmaache kann, dat gi mer elo am Dechenskeller gewuer, well och de Maacher Dechen stécht mat hannert dëser Schnappsiddi.
