Méi Gréngs an den Dierfer
02/04/2021

Nieft de méi groussen Hëtze-Extremer spillt och Dréchent eng grouss Roll an der Klimakris. Dat och um Europäescher Kontinent – sief et am Bësch, mee och am Duerf oder an der Stad. Eng Dréchent déi am Summer ëmmer méi present gëtt an iwwert de Wanter mat kuerzen, méi heftegen Nidderschléi kompenséiert gëtt, esou Experten. E Problem fir Wunnregiounen an e Risk fir Blëtz-Iwwerschwemmunge mat naasse Kelleren. An enger Konferenz organiséiert vum Mouvement Ecologique gouf den Donneschden Owend iwwert de Reewaassermanagement zu Lëtzebuerg diskutéiert. Den Tim Morizet mat engem Iwwerbléck ewéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass.
