RTL Reporter bei de Piloten vun der Luxair
02/04/2021

Vakanz schreiwe mir de Moien am RTL Wecker grouss! Mir maachen iech e bësse Loscht fir mam Fliger ze fléien an interesséieren eis och emol fir déi Leit déi eis reegelméisseg vum Findel an d'Vakanz bréngen. Nodeems eisen RTL Reporter scho verzielt krut, datt d'Ausbildung fir Stewardess oder Steward bei der Luxair ze gi ronn 6 Méint dauert, wëll hien elo méi vun de Pilote gewuer ginn, och si fléien den Ament däitlech manner wéi viru Corona-Zäiten. Mir ginn elo eng weider Kéier op de Findel bei de Loïc Juchem, deen um Wee fir an de Cockpit ass.
