Rapport vun Amnesty International
07/04/2021

"Millioune Mënsche waren d'lescht Joer massiv der Pandemie an hire Suitten ausgesat, ouni datt déi zoustänneg Regierunge genuch gemaach hätten fir se ze schützen."Dat kritiséiert Amnesty International am aktuelle Joresrapport, deen elo publizéiert gouf. D'Organisatioun kënnt zur Conclusioun, datt d'Situatioun vun de Mënscherechter sech zejoert fir Millioune Leit op der Welt zum Negative verännert huet, Dany Rasqué.
