Terrassen dierfen vun haut un nees opmaachen
07/04/2021

Gemittlech op enger Terrasse setzen, e Kaffi drénken zu e puer oder eleng. Deenen nokucken déi laanscht ginn oder an engem Buch liesen, dat war zanter dem Donneschdeg 26. November un net méiglech. U sech ass een um Ufank dovunner ausgaangen dass dat just bis de 15. Dezember géif daueren, awer haut ass et dann endlech souwäit. Vun de Moien 06h00 kënnen d'Terrassen nees opmaachen a mir hunn den RTL Reporter an d'Stad geschéckt fir erauszefannen op dann och schonn dovunner profitéiert gëtt.
