RTL Reporter: 30 Joer Cremant
04/05/2021

Den RTL Reporter ass haut zu Wuermer an der Kellerei fir gewuer ze ginn, wéi de Crémant Poll-Fabaire produzéiert gëtt. Vun der Drauf bis an d'Fläsch ass et nämlech ee laange Wee. Een deen et schonn zanter 1991 gëtt, do war nämlech d'Gebuertsstonn vum Crémant. Mir feieren 30 Joer Lëtzebuerger Crémant Poll-Fabaire.
