Dossier Vestiges vs Chantier Petite Marquise
04/05/2021

Zu Iechternach suergt de Willibrord den Ament fir ferm Opreegung! Hannert dem fréieren Hôtel La Petite Marquise, also direkt bei der Maartplaz, goufen Iwwerreschter vun engem Klouschterhaff aus dem 7. Joerhonnert fonnt, aus der Zäit also wou de spéideren Hellegen an der Abteistad gelieft a gewierkt huet. Wat fir d'Archeologen eng fantastesch Decouverte ass, gesinn anerer als Steng a Maueren, déi e Chantier onnéideg an d'Längt zéien. An esou ass et den Ament och nach net sécher, wat mam historesche Site wäert geschéien. D'Monique Kater war sech dee Klouschterhaff ukucken...
