Patrimoine Esch
05/05/2021

Den Escher Bebauungsplang ass esou gutt wéi a Stee gemeesselt, mee zënter dass déi éischt Versioun heivunner eraus ass, lafen d'Denkmalschützer Amok! De Buergermeeschter wéilt knapps e véierel vum Escher Patrimoine Bâti a sengem PAG schützen, fäerte si a nenne sech: schockéiert a skandaliséiert iwwer dës Aart a Weis, mat der Minettemetropole ëmzegoen. De Gemengepapp weist sech vun dëse Reproche séier wéineg beandrockt, well ee mat falsche Chiffere géing kommen a well sai Schäfferot an hie selwer, als Escher, genee wéisste wat si hunn. Wat se kréie wëssen se och: Gemengewahlen an de Stempel Kulturhaaptstad...Noblesse Oblige, oder net?! Monique Kater.
