Lëtzebuerg seet Merci zu Zéisseng

07/05/2021
Lëtzebuerg seet Merci zu Zéisseng
Play

Wat mëscht ee wann et schellt an da kënnt do einfach ee mam RTL-Mikro an d'Haus eran? Normalerweis si mer jo bësse méi disziplinéiert, ma bei eiser aktueller Aktioun geet et bal net anescht. Dir konnt déi lescht Woche Persounen nominéieren, di et verdéngt hunn MERCI gesot ze kréien a wann RTL sech bei deene Leit mellt gëtt et eng Dramvakanz, zesumme mat Luxair. Dës Kéier hat de Loïc Juchem RDV zu Zéisseng beim Denise Urbany. Si huet d'Marie Ketter nominéiert a wëll elo zesumme mat eiser Hëllef dem Marie och mol eppes zeréck ginn.